Infos & Kontakt

Wien si mir?

De Jean-Paul Herman an de Raymond Kimmes, zwee Schüler aus der KMS (Käerjenger Musekschoul) wou mer eis kenne geléiert hunn. Allebéid maache mer Chant classique beim Taisia Tordai, Chant moderne beim Hannah White a mir sangen beim Susy Thomé-Schneider am Chouer Singing Mommies & Daddies. De Jean-Paul léiert ausserdeem och nach Guitar beim Greg Lamy a spillt Guitar an der Rock Combo vun der Schoul ; de Raymond léiert ausser dem Chant Piano beim Goulnora Soultanova.

2018 hu mir decidéiert ee Gesangsduo ze grënden, d’Mierbaacher, an « Aal Schanken » ze sangen, d.h. Lidder aus den 30er, 40er, 50er, 60er, 70er, 80er an 90er Joren, dat mat enger Orchesterbegleedung wéi d’Leit se deemols kannt hunn aus dem Radio, vun der Televisioun oder vun de grousse Show-Bühnen. Momentan hu mer ee Répertoire vun 120 Lidder (DE 62 / EN 20 / FR 13 / LU 24 / IT 1), an et kommen ëmmer nees nei Lidder derbäi.

Wat ass eist Ziel?

De Leit e puer flott Stonnen ze offréieren, aal Erënnerungen bei de Leit waakreg ze maachen, de jonke Leit di schéi Lidder vu gëschter a virgëschter ze presentéieren, de Leit fir e puer Stonnen d’Sonn an d’Häerz ze bréngen.
D’Leit däerfe matsangen, matsummen, dreemen, danzen, jee einfach dës onvergiesslech schéi Lidder a vollen Zich genéissen esou wéi se grad Loscht hunn. An dat hunn se bis elo och ëmmer spontan gemaach bei eisen Optrëtter.

Wéi ee Material benotze mir?

BOSE L1 Model II/B2 (falls néideg verstärkt mat engem BOSE L1 Compact)
BOSE T1 Tone Match Audio Engine
SHURE SM58-LCE Micron
Platinum CLS-1 LightmaXX
1 x IPad Pro (fir d’Musek)
1x IPad Pro (fir d’Texter)
GoodPlayer – Good Media Player
D’Musek kaafe mer ganz legal am Internet (Karaoke Version, Playbackfinder, Apple Store, …), oder mär kaafen se op enger CD, oder mär loossen se zu Lëtzebuerg an engem Studio maachen (vum Heng Kleren, Marc Desorbay, Nico Wegé, Claude Zeimes, …)
Mir brauche just 1 elektresch Prise an e puer Quadratmeter Plaatz, soss näischt.
Mat eiser Anlag kënne mir ee Sall vu 50 bis 500 Leit probleemlos beschallen.

Wou si mer opgetrueden?

Seniorie St Joseph Péiteng
Servior – CIPA Centre du Rham
Journée du Grand Âge am Centre de Loisirs zu Lamadelaine
Um Späicher vum WAX zu Péiteng (WAX Konschtmillen)

Fir 2020 hate mir 12 Kontrakter gemaach, ma wéinst dem COVID-19 konnte mer leider just 1x optrieden. Mir hoffen dass ab Hierscht 2021 nees besser Zäite kommen, engersäits fir eis selwer ma virun allem fir eis léif Nolauschterer. Mir vermësse si, an si vermëssen eis (krute mer gesot)!

Coming soon!

Zu eisen aktuelle Programmen vun all Kéier 2 Stonnen ouni Paus (« Eis Weltrees » / « D’Léift » / « Back In Time » / « Wat Saachen ») komme geschwënn derbäi :
« Gläich ass Chrëschtdag » (12/2021)
« Lëtzebuerger Lidder » (06/2022)
« Einfach ëmmer schéin! » (09/2022)

Kontakt

GSM : +352 621 364 816
Email : raykimmi@pt.lu

Allebéid si mir géint de COVID-19 geimpft!