Newsletter 2025/26

Ewell hu mer ee Repertoire vun 319 Lidder (LU 71, DE 79, FR 36, EN 38, IT 7, FUESENT 48, Chrëschtdag 33, Niklosdag 7). All Joers kommen nei Lidder derbäi. 

Hei sinn eis verschidde Programmen:

  • Oktoberfest (NEW)
  • „Douce France“
  • „Mammendag“
  • „Pappendag“
  • „Kniddelowend (Iessen & Drénken)“ 
  • „Geckeg Fuesent“
  • „Lëtzebuerger Lidder“
  • „Chrëschtdag Feelings“
  • „Party mat de Mierbaacher“
  • „Schéin al Schanken“ 
  • „D’Léift“
  • „Wat Saachen!“
  • „Eis Weltrees“
  • „Back in Time“

Detailer kënn der kucken op www.mierbaacher.lu, oder ganz einfach bei eis nofroen.

Ma et kann een sech awer och gären ee „Programme à la Carte“ bei eis bestellen. Op dëse Wee sinn „Mammendag“, „Pappendag“, „Iessen an Drénken“, „Géckeg Fuesent“ an „Oktoberfest“ entstaanen.

De 18. Januar 2026 um 16:00 Auer ass am WAX zu Péiteng („Um Späicher“) d‘Première vun eisem neie Programm „We Shall Never Forget“. Gutt zwou Stonne laang sange mer amerikanesch al Schanken aus de Joren 1946 bis 1978. Dëse Programm ass geduecht als Hommage/Merci un eis amerikanesch Befreier, duerch déi Lëtzebuerg de 9.9.1944 nees ee fräit Land ginn ass, eppes op dat d‘Ukrainer nach ëmmer musse waarden. Mee och ouni dat ass ët ee ganz coolen a  flotte musikalesche Programm, fir ze genéissen, matzesangen an/oder ze danzen.

Mir hoffen ët ass eppes fir Iech derbäi. Mir jiddefalls géifen eis freeën äre Leit e puer flott musikalesch Stonne kënnen z‘offréieren. Well wat gëtt et schéineres wéi Leit déi sangen, ufänke vun alen Zäiten ze dreemen oder Musek a vollen Zich genéissen. Wat gëtt et schéineres wéi Aen déi liichten, Gesiichter déi stralen an Tréinen déi engem op eemol kommen!? Dat ass onbezuelbar! Sidd der intresséiert, da maacht iech bäi well den éischten ass vir. Dëst Joer konnte mer eng 10 Ufroe leider net unhuelen, well mer schonns besat waren oder ee vun eis verhënnert war. Dat ass schued!

Wat kascht ët?

  • 1 Stonn : …………………………200€ (De Minimum wat ee muss bezuelen)
  • 1,5 Stonnen :……………….. 250€
  • 2 Stonnen : …………………. 300€
  • 2,5 Stonnen: ……………….. 350€
  • 3 Stonnen : …………………. 400€
  • 3,5 Stonnen: ………………..450€
  • 4 Stonnen : …………………. 500€
  • Sonndes & Feierdeeg 100€ (Supplement pro Optrëtt egal wéi laang)
  • Lightshow :………………….. 100€ (Suuplement pro Optrëtt egal wéi laang)

Léif Gréiss vun de Mierbaacher, oder wéi d’Leit eis well meeschtens nennen, vun den „Ale Schanken“.

Kimmes Raymond

Tel. : 621 364 816

Email : raykimmi@pt.lu / Homepage : www.mierbaacher.lu